Hues du Interessi dir dat emol unzekucken oder Loscht mattzespillen, dann kontaktéier eise Responsablen fir de Waasserball, den


Dan Castiglia: dcastigl@pt.lu, +352 621 292 260.

Wisou Waasserball ?

Waasserball ass een Equippe Sport deen, wéi den Numm et scho seet, am Waasser ausgedroe gëtt a bei där d'Spiller aus den zwou Equippe probéiere mussen, de Ball an de géigneresche Gol ze schéissen. Gewonn huet déi Equipe, déi um Schluss vun enger Partie méi Goler geschoss huet.

 

Ze vergläichen ass Waasserball matt Handball, just eben am Waasser an e gëtt allgemeng méi haart gespillt wéi vill aner Sportarten. Natierlech sollt e Schwammen kënnen, mee ett bräuch een och Kraaft a Ballgefill fir sech duerchzesetzen.

 

Zu Lëtzebuerg ass Waasserball eng Randsportart a fir de Moment ginn et just 3 Veräiner déi den Sport ubidden. Nierft Dikrech sinn dat de Swimming Lëtzebuerg an Diddeleng. Ënnert deenen Veräiner droe mir een Nationalt Championat an d'Coupe de Luxembourg aus. Zudeem huele mir geleegentlech un Tournéier am Ausland deel.

 

Den Niveau ass net mam Ausland vergläichbar, mee trotzdem net ze ënnerschätzen. En erméiglecht ëtt awer Ufänger an Leit déi ni an engem Schwammclub waaren sech op een Niveau virzeschaffen deen ëtt erlaabt fir um Championat deelzehuelen. Och dem Alter sinn, am Verglach zu anere Sportarten manner Grenzen gesat. Just vläit dass mir wéinst eisen Träiningszäiten an der Spillweis am Championat hier mengen, dass een hei zu Lëtzebuerg ab etwa 16 Joer mattspille kann. Fir eng speziell Jugendsektioun ass d'Land awer ze kleng.

Träininger

Dënschdes & Freides: 21H00 - 22H30

Eis Träininger sin Dënschdes a Freides vun 21:00 bis 22:30 Auer. Et geet op der Säit vun der Piscine eran, d'Haapt Entrée ass zou. Jiddereen ass Wëllkomm, just schwammen solls de kënnen. Du muss keen Champion sin, an alles iwwert de Waasserball bréngen mir dir bäi.